Astronaut Maurer iwwer Artemis-II"Dat ass den Ufank vun enger neier Ära vun der Moundexploratioun“

Claude Zeimetz
Pierre Weimerskirch
Den ESA-Astronaut Matthias Maurer erkläert, firwat d’Artemis-II-Missioun esou wichteg ass. Hie war selwer beim Lancement dobäi. Am Interview geet et ëm d'Chance fir Europa an d'Risiken um Wee zeréck op de Mound.

Fir de Matthias Maurer war de Start vun der Artemis-II-Rakéit en impressionante Moment. Och aus sechs Kilometer Distanz hätt een een nach am Bauch d’Vibratioune gespuert. De Matthias Maurer ass selwer Astronaut an ass den 11. November 2021 fir 6 Méint op der ISS gewiescht.

“Mir hu ganz laang drop gewaart, dass nees Mënschen a Richtung Mound fléien, dat ass elo den Ufank vun enger neier Ära.“

Missioun als Testlaf

D’Artemis-II-Missioun ass déi éischt bemannt Moundmissioun zanter iwwer 50 Joer, mee si ass virun allem ee groussen Test.

“Et ass eng ganz nei Kapsel, an déi muss fir d’éischt getest ginn“, erkläert de Saarlänner. Et géif ëm all Detail goen.

“Och d’Toilette ass kritesch fir eng Missioun, wann ee mat véier Leit zéng Deeg ënnerwee ass.“

Eréischt wann alles funktionéiert, kënnt de nächste Schratt: eng Landung um Mound.

Raumfaart bleift komplex

“Wann d’Leit sech an der Kapsel beweegen, verréckelt sech de Schwéierpunkt“, esou den ESA-Astronaut. Och Weltraumstralung ka Problemer maachen: “Dat kann esouguer d’Computeren duerchernee maachen.“
Trotzdeem bleift hien optimistesch, och wann et keng 100 Prozent Sécherheet gëtt.

De Matthias Maurer ass den 11. November 2021 fir 6 Méint op der ISS gewiescht.
© NASA/AFP/Aubrey GEMIGNANI

Europa spillt eng Schlësselroll

D’Missioun ass och eng europäesch Erfollegsgeschicht. Ouni europäesch Servicer an Technologie kéinten d’Amerikaner net op de Mound fléien, seet de Matthias Maurer.

Dofir kritt Europa och eng Géigeleeschtung: “Mir kréien d’Méiglechkeet, Astronaute matzeschécken.“

Och wann hien dës Kéier net dobäi ass, bleift säi perséinlecht Zil kloer: “Natierlech wëlle mir op de Mound fléien, do landen an en exploréieren.“ Fir de Matthias Maurer ass Artemis-II domat virun allem ee Startschoss, fir alles, wat elo nach kënnt.

Back to Top
CIM LOGO