Enquêteure vun der italieenescher Finanz-Police hunn zu Ancona an Italien e Mann festgeholl, deen am dréngende Verdacht steet, kannerpornografescht Material ze besëtzen. Den Autoritéiten no wier de Mann och Deel vun engem Online-Netzwierk gewiescht, iwwert dat esou Material verbreet gëtt. Nieft der Festnam vum Verdächtege wier et och zu Saisië vum Material, Computeren a Smartphonë komm. Ausserdeem wier en Internetsite vum Netz geholl ginn, grad ewéi zwee Kommunikatiounskanäl.
D'Ermëttlungen an der Affär hätte sech iwwer Méint gezunn. Spezialiséiert Enquêteure vun der Unitéit fir Organiséiert Verbriechen vun der Finanz-Police hätte sophistiquéiert Mëttel agesat, fir dem Mann seng Aktivitéiten opzedecken.
D'Enquêteure schwätze vun engem besonnesch uerge Fall. Beim Mann, dee verhaft gouf, wier en Archiv vun iwwer zwee Terabyte u kannerpornographeschem Material fonnt ginn. Iwwer eng hallef Millioun Fotoen a Videoe wiere saiséiert ginn. De Verdächtegen hätt e sophistiquéierten digitale System vu Fichieren an Ënner-Fichiere benotzt, fir seng digital Aktivitéiten ze verstoppen.
Wéi et vun der Police heescht, wier d'Verbreedung vu kannerpornographeschem Material duerch d'Avancen an den digitalen Technologien ëmmer méi einfach ginn. Allerdéngs géif d'Enquête och weisen, dass esou Doten ëmmer digital Spueren hannerloossen, iwwer déi d'Täter kënnen identifizéiert ginn.
D'Autoritéiten erënneren drun, dass d'Présomption d'innocence gëllt.