
De leschte Mount war dee wäermste Juni an der Geschicht vu Westeuropa. A ganz Europa an och op der ganzer Welt sinn d'Temperaturen op den zweethéchsten Duerchschnëttswäert, dee jeemools gemooss gouf, geklommen.
A Westeuropa louch d'Duerchschnëttstemperatur am Juni bei 20,74 Grad Celsius, esou den EU-Klimadéngscht Copernicus en Donneschdeg. Domadder gouf de Rekordwäert aus dem leschte Juni nach iwwertraff.
Zitt een de Verglach mam Duerchschnëttswäert vun de Joren 1991 bis 2020 louchen d'Temperaturen a Westeuropa am leschte Mount bei iwwer dräi Grad Celsius méi héich. Kuckt ee sech net just Westeuropa, mä ganz Europa un, da war de Juni 2026 den zweetwäermste sechste Mount vum Joer an der Geschicht vun der Wiederopzeechnung. Och weltwäit kënnt een op den zweet héchsten Duerchschnëttswäert, dee jee an engem Juni gemooss gouf.
D'Waasser am Äermelkanal ass aktuell esou waarm, wéi normalerweis eréischt am August. Dat mellt dann de brittesche Metoffice, also de Wiederdéngscht vu London.
D'Mier an der Manche wier 5 Grad méi waarm wéi d'Moyenne aus der Referenzperiod 1982 bis 2011. Dat kéint längerfristeg Auswierkungen op Flora an d'Fauna vum Mier hunn awer ganz besonnesch op de Fëschbestand.