Wafferou schonn nees um Enn?Donald Trump annoncéiert "haart" Attacken op den Iran an der Nuecht

AFP, iwwersat vun RTL
Op de Finanzmäert ass de Präis vum Barrel no der Annonce vum US-President ëm 5 Prozent geklommen.
Ee B-52 Stratofortress-Bomber vun der US Air Force (Symbolfoto).
Ee B-52 Stratofortress-Bomber vun der US Air Force (Symbolfoto).
© HENRY NICHOLLS/AFP

Den US-President Donald Trump huet nei Attacken op den Iran annoncéiert. "Ech wäert se e bësse virwarnen, mir wäerte si haut an der Nuecht richteg haart treffen", sou den US-Staatschef en Donneschdeg um Bord vum Nato-Sommet zu Ankara an der Tierkei. D'iranesch Regierung géif all Dag géint d'Kader-Ofkommes, op dat ee sech Mëtt Juni gëeenegt hätt, verstoussen.

Nodeems an der Strooss vun Hormus dräi Tanker beschoss gi sinn, huet d'US-Arméi an der Nuecht op e Mëttwoch 80 Ziler am Iran attackéiert. Teheran huet sengersäits mat Géigenattacken op US-Stëtzpunkten an der Regioun reagéiert. Den Donald Trump huet dann och annoncéiert, dass d'Wafferou mam Iran eriwwer wier.

D'Finanzmäert hunn dann och schonn op dës Annonce reagéiert. E Mëttwoch ass de Präis vum Ueleg ëm 5 % vun 72 op d78 US-Dollar de Barrel geklommen.

Back to Top
CIM LOGO