Hormus-Strooss bleift HaapttheemaUSA an Iran verschäerfen Ugrëffer no Enn vu Wafferou

RTL mat AFP
Trotz temporärer Wafferou ass de Konflikt tëscht den USA an dem Iran mat neie géigesäitegen Attacken an Tensiounen ëm d'Strooss vun Hormus weider um eskaléieren.
Wéinst dem Sträit ëm d'Strooss vun Hormus sëtzen Estimatiounen no bal 6.000 Mataarbechter aus der Schëfffaart an der Regioun fest.
© AMIRHOSSEIN KHORGOOEI/AFP

Nodeems d'Wafferou tëscht den USA an dem Iran dem Donald Trump no op en Enn komm ass, hunn d'USA an der Nuecht op en Donneschdeg nees militäresch Ziler am Iran ugegraff. US-Truppen hunn eegenen Aussoen no ronn 90 militäresch Ariichtungen attackéiert – dorënner Rakéiten- an Dronelager souwéi Logistikzentre laanscht d'iranesch Küst.

Dës Attacke sollen d'Capacitéite vum Iran, Schëffer an der Hormus-Strooss ze menacéieren, ausbremsen. Amerikanesch Ugrëffer sollen iraneschen Noriichtendéngschter no och eng Eisebunnsbréck am Nordoste vum Iran getraff hunn an et gouf och Attacken an der Géigend vun engem zivillen Atomkraaftwierk.

Den Iran huet allerdéngs séier reagéiert. D'Revolutiounsgard huet kuerz Zäit drop ugekënnegt, wichteg Infrastrukturen op US-Militärstanduerter a Kuwait an am Bahrain getraff ze hunn. Zu Manama, der Haaptstad vu Kuwait, waren Explosiounen ze héieren an d'Autoritéite mellen, Rakéiten- a Dronenugrëffer ofgefaangen ze hunn.

Och wann den US-President en Enn vun der Wafferou annoncéiert huet, soll d'Dier fir weider Verhandlunge mam Iran awer nach net ganz zou sinn, wéi hie behaapt. Allerdéngs huet hien am selwechten Otem d'Iraner als "verréckt" an als "Dreck" bezeechent.

Hormus-Strooss bleift Haapttheema

De Chef-Negociateur vum Iran huet iwwerdeems kloergestallt, d'Strooss vun Hormus géif nëmmen ënner iranescher Kontroll op bleiwen. "D'USA hunn nach ëmmer net geléiert, datt Mobbing a Verstéiss géint Accorden net ouni Konsequenze bleiwen", sou de Mohammad-Bagher Ghalibaf, Spriecher vum iranesche Parlament.

Zënter de Loftugrëffer vun den USA an Israel am Februar, déi de Krich ausgeléist hunn, insistéiert Teheran op d'Kontroll vun der Hormus-Strooss, wou si Transit-Käschte fir Schëffer agefouert hunn. Washington insistéiert iwwerdeems drop, datt Schëffer solle kënnen ouni Fraisen duerch fueren.

An de leschten Deeg huet den Iran dräi Frachtschëffer ugegraff, wat weider US-Géigenugrëffer provozéiert huet. Déi lescht Attacke koume kuerz virum Donneschdeg an dem Begriefnis vum Ajatollah Ali Chamenei, deen um Ufank vum Krich ëmkomm ass.

De Generalsekretär vun der UNO, den António Guterres, an och Pakistan, déi als wichtegste Mediateur gëllen, hunn déi zwou Natiounen opgeruff, d'Situatioun net weider ze eskaléieren. Wéinst dem Sträit ëm d'Strooss vun Hormus sëtzen Estimatiounen no bal 6.000 Mataarbechter aus der Schëfffaart an der Regioun fest, esou den Direkter vun der Internationaler Maritimmer Organisatioun.

Back to Top
CIM LOGO