
Police a Secouristen hunn en Dënschdeg de Moien am Beruffsverkéier Stroossen a Gebaier ronderëm d'Héichhaus an der East 42nd Street ofgespaart. Zwou statesch wichteg Sailen an dem 37 Stäck héije Gebai hate sech verformt, wéi d'Pompjeeë matgedeelt hunn. Den New Yorker Buergermeeschter Zohran Mamdani huet vun enger "ganz eeschter" Situatioun geschwat.
D'Gebai bleift "instabil", sot de Mamdani bei enger Pressekonferenz. Eng vun de Sailen, déi noginn huet, géif sech weider beweegen. Ausserdeem géif et Rëss an dem Gebai ginn. "Ech sinn dankbar, soen ze kënnen, datt et aktuell keng Blesséierte gëtt", esou de Mamdani. Et wieren och keng Aarbechter zu schued komm.
De fréieren Haaptsëtz vum Pharmaproduzent Pfizer gëtt den Ament an ee Wunngebai ëmgebaut. D'Rettungsdéngschter ware geruff ginn, well Steng vum Gebai erofgefall sinn, dat net wäit vun der Grand Central Gare an dem Haaptsëtz vun de Vereenten Natiounen zu New York steet. "Wou d'Secouristen ukomm sinn, hu si festgestallt, datt sech zwou Sailen am 21. an 22. Stack verformt haten", hunn d'Pompjeeën erkläert. "D'Biedem tëscht dem 21. an dem 26. Stack hänken duerch."
De Chantiersaarbechter Fernando Sanchez sot, d'Sailen hätte sech verbéit. "Mir hunn all séier misse raus", esou de 50 Joer ale Mann. D'Secouristen hunn d'Leit an Hoteller, Bürosgebaier a Wunneng an der Géigend a Sécherheet bruecht, an och eng Schoul gouf evakuéiert. D'Police huet d'Strooss ofgespaart. Insgesamt waren eng 130 Secouristen am Asaz.
D'Leit kënnen eréischt dann zeréck, wann all Gefor kann ausgeschloss ginn, esou de Buergermeeschter Mamdani. Den Ingenieur vum Projet géif mat Statiker zesummeschaffen, fir d'Gebai ze stabiliséieren. D'Autoritéiten haten eng Dron agesat, fir d'Ausmooss vum Schued anzeschätzen.
De Clifford Johnsen vun der Baugewerkschaft Steamfitters Local 638 huet schaarf Kritik un den Ëmbauaarbechten um fréiere Pfizer-Héichhaus geüübt. Bis d'nächst Joer sollen do ronn 1.600 Luxuswunnengen entstoen. Datt nei Stäck op dat schonn existéierend Héichhaus gebaut gi wieren, hätt Drock op d'Saile gemaach. D'Bauaarbechte wiere wuel net richteg geplangt gewiescht. "Ech sinn zanter 21 Joer an der Branche an ech hunn nach ni Saile gesinn, déi sech an der Mëtt duerchgebéit hunn - dat ass onheemlech geféierlech", esou den Johnsen.
D'New Yorker Bauopsiicht huet op X erkläert, datt hir Statiker op der Plaz wieren an "méiglech strukturell Probleemer un der 235 East 42nd Street zu Manhattan" géifen ënnersichen. De Projet-Leader MetroLoft sot den Autoritéite fir hir séier Reaktioun Merci an huet probéiert, d'Suerg ëm ee méiglecht an de Koup falen ze minimiséieren. Betraff wier just "ee klengen Deel vun engem vun den zwee Gebaier op dem Terrain", esou d'Immobiliefirma der "New York Times" no. Dat ganz Gebai wier awer net a Gefor, an de Koup ze falen.