A Kader vun Affär ëm presuméiert DonenNigel Farage demissionéiert als Deputéierten a léist No-Walen ëm säi Sëtz aus

RTL Lëtzebuerg
Déi aner Parteie refuséieren all, un der Neiwal deelzehuelen, well et en Zirkus wier an de Farage just wéilt vun den Enquêten oflenken.
© JUSTIN TALLIS/AFP

A Groussbritannien huet den Nigel Farage, Chef vun der populistescher Partei "Reform UK", als Deputéierten demissionéiert an Neiwalen fir säin eegene Sëtz am Parlament lassgetrëppelt. De Farage ass am Viséier vu parlamentareschen Enquêten, well hien a Milliounenhéicht Sue vu räichen Donateure krut an net deklaréiert hat. Hie seet, hie wéilt d'Wieler iwwert hie jugéiere loossen.

Déi aner Parteie refuséieren all, un der Neiwal deelzehuelen, well et en Zirkus wier an de Farage just wéilt vun den Enquêten oflenken. All, ausser de Komiker, deen als Count Binface an d'Course geet – e Mann, deen eng Poubelle als Casque huet.

Back to Top
CIM LOGO