
Dat deelt de Parquet vu Bayern mat. Et besteet deemno de Verdacht, datt hie sécherheetsrelevant Biller a Videoen iwwer Ugeleeënheete vun der Landesverdeedegung soll gemaach hunn, fir dës un ausländesch oder aner verbuede Gruppe weiderzeginn.
D'Dron huet hien deemno e Mëttwoch den Owend fléie gelooss, konnt dunn awer duerch Hiweiser aus der Bevëlkerung gepëtzt ginn. Et gouf en Haftbefeel wéinst Spionageverdacht erlooss. Den Ament befënnt sech de 37 Joer ale Verdächtegen an Untersuchungshaft, well d'Enquête nach leeft, wollt de Parquet fir den Ament keng weider Detailer nennen.
Réischt am Juni hat de Verfassungsschutz gewarnt, datt Drone méi dacks fir Spionage- oder Sabotageaktiounen an den Asaz kéimen. Déi entspriechend Technologie géif sech mat "enormem Tempo" weiderentwéckelen. Drone géifen ëmmer méi kleng, onopfälleg a prezis ginn an d'Kamerae géifen eng ëmmer méi héich Opléisung besëtzen. Militäresch Objeten, Logistikrouten oder Industriesitte wiere besonnesch fir auslännesch Geheimdéngschter vu groussem Interessi, sou nach de Verfassungsschutz.