
Zu London ass den Andy Burnham als neie Chef vun der Labour Partei gewielt ginn. Hien iwwerhëlt dës Positioun vum Premier sortant Keir Starmer. Wéi a Groussbritannien üblech, wäert den Andy Burnham domat och de Poste vum Premier iwwerhuelen. De 56 Joer ale fréiere Buergermeeschter vu Manchester soll e Méindeg vum Kinnek Charles als neie Premier genannt ginn.
Domat wier hien de 7. Regierungschef a Groussbritannien bannent 10 Joer. Wéinst schlechte Sondagen an enttäuschende Resultater bei Regional- a Kommunalwalen hat de Keir Starmer Enn Juni säi Récktrëtt annoncéiert. Den Andy Burnham ass aktuell immens beléift a gëllt als grouss Hoffnung fir déi brittesch Sozialdemokraten.