
D’Persoun gouf zu Dubai festgeholl an um Donneschdeg u Lëtzebuerg ausgeliwwert – eng Première mat de Vereenegten Arabeschen Emirater – an ass elo an Untersuchungshaft.
Eng zweet verdächteg Persoun an deem Dossier ass grad wéinst enger anerer Saach fir 12 Joer am Prisong, ma wier och Deel vun där Grupp vu Jonken, déi fir dee Bedruch responsabel ass.
Bis elo si méi wéi zéng Affer mat engem Gesamtschued vu ronn 113.000 Euro bekannt. D’Ermëttlunge lafen weider. D’Autoritéite warnen nach eemol virum Weiderginn vu perséinlechen a banktechneschen Donnéeën a weisen drop hin, datt och Money Mules strofrechtlech verfollegt ginn.