Sou eppes hätt ee sech ni kënne virstellen, zemools an engem rouege Quartier am helle Mëtteg, seet d’Anne Reuter, Cheffin vun enger anerer Immobilière. D’Trauer an d’Matgefill wiere grouss.
“An 21 Joer Agence hunn ech ni iergendeng änlech Situatioun erlieft an déi hei, do ginn engem richteg d’Schudderen aus. Also mir sinn an déifstem Matleed mat der Famill a mat de Bekannte vun deem jonke Meedchen, eng Confrèrin vun enger ganz gudder, bekannter Agence. Also mir si ganz secouéiert zënter en Dënschdeg”.
Dëser Deeg gi vill Mataarbechter vun Immobilienagencë mat engem komesche Gefill op Rendez-Vouse mat Clienten, sou d’Agentin Isabelle Laures. Si hätt sech op alle Fall Gedanke gemaach wéi een sech besser ka schützen.
“Jo, et ass mer elo mol bewosst ginn, dass een och a Gefor kéint sinn, well ech si mer am Fong all deem ni bewosst gewiescht. Ech hu mer elo esou Gedanke gemaach a geduecht, okay, ech maachen e bësse méi Recherchë vu menge Clienten, ier ech d’Visitt maachen. Ech ginn och vläicht net méi, ech refuséieren eventuell eng Rei Visitten, wou d’Persoun mer schonn esou net ganz korrekt eriwwer kënnt. Och wärend der Visitt ginn ech léiwer hannert dem Client wéi virun dem Client oder sou, dass ee sech awer schonn e bësse Gedanke mécht, dass ee sech vläicht e bëssen an Zukunft aneschters behëlt”.
Frae si méi exposéiert wéi Männer. Op sensibel Plaze géing e Mann op de Rendez-vous geschéckt ginn, sou d’Anne Reuter. An Zukunft wäert een am Viraus nach méi Detailer vu potentielle Locatairen oder Keefer verlaangen.
“Dat heescht, mir hunn ëmmer scho Froe gestallt, mee elo bleiwe mer net vläicht bei Froe stellen, elo froe mer ganz konkreet d’Pièce d’identité, de Contrat de travail, an déi, déi dat net liwwere wëllen, déi kréie keng Visitt”.
Änlech Wieder fënnt de Michael Eires, President vun der Fédération Immobilière.
“Also et ass en dramatesche Fall, eppes wat mengen ech nach ni een hei an deem Secteur erlieft huet. Mir si selwer e bëssen alleguer schockéiert de Moment. Mee dat do hätt elo kéinte jiddwerengem passéieren an engem anere Secteur. Mir probéieren natierlech, eis ëmmer an deene Saachen och ze schützen, andeems mer och elo e bësse kucken, wéi mer eis Saachen do e bësse renforcéieren op där Basis, dass mer bësse kucke wien déi Leit sinn, déi eppes kucke kommen”.
A punkto zousätzlech Mesurë wier et eng Iddi, fir den Agenten e Mini-Alarm matzeginn, sou d’Anne Reuter. Fir de Rescht wäert ee weider maachen wéi ëmmer, awer mat méi engem héije Sécherheetsniveau.