Unisex-ToilettenDP-Member Agostini mat schaarfer Kritik un CSV

François Aulner
Nodeems d’CSV sech géint Unisex-Toiletten ausgeschwat huet, kënnt relativ schaarf Kritik vun engem Member vum Koalitiounspartner.
© Envato / ira_lichi

Den DP-Direktiounscomités-Member Michael Agostini schreift an engem Lieserbréif: “Wa Parteitaktik méi wichteg gëtt ewéi Grondrechter.” De Siewent-Gewielten op der DP-Lëscht am Süden hëlt seng Ministere Meisch a Backes a Schutz. Hie betount, datt den nationalen Aktiounsplang LGBTIQ+ an d’Aféiere vun Unisex-Toiletten an neie Lycéeën am Summer vum ganze Regierungsrot ugeholl gouf, also och vun der CSV.

Dat duebelt Spill vun der CSV wier dem Michael Agostini no och riskant a géing der Regierungsaarbecht schueden.

De Michael Agostini huet den Androck, datt d’CSV wéinst schlechte Resultater an den Ëmfroen a wéinst permanenter Kritik sech op “calculéiert” Aart a Weis géing skandaliséieren, fir bei engem konservative Public ze punkten.

De fréiere President vun de jonken Demokrate verlaangt eng sachlech Diskussioun. Hien erënnert un d’Argumenter fir Unisex-Toiletten. Getrennten Toilettë géingen aus dem viktorianeschen Zäitalter stamen. Datt Frae bei Veranstaltungen dacks méi laang an der Schlaang stinn ewéi Männer wier den alldeeglechen Ausdrock vun enger Ongläichheet. Da kéim nach den inklusiven Aspekt fir Leit, déi sech net am binäre Geschlechtssystem erëmfannen.


De Lieserbréif vum Michael Agostini:

Liest dozou och nach:

Back to Top
CIM LOGO