
Zwee Deeg, nodeems zu Moskau op e russesche Generol geschoss ginn ass, ass an de Vereenegten Arabeschen Emirater e Verdächtege festgeholl ginn. Dem Geheimdéngscht FSB no géing et sech ëm e russesche Staatsbierger handelen, deen als “direkten Täter” géing gesi ginn. Hie wier op senger Flucht op Dubai festgeholl an u Moskau ausgeliwwert ginn. Eng aner Persoun wier zu Moskau festgeholl ginn an eng presuméiert Komplizin hätt kënnen an d’Ukrain flüchten.
De stellvertriedende Leeder vum Militärgeheimdéngscht zu Moskau GRU, de Wladimir Aleksejew, war an engem Wunnhaus vun enger Partie Schëss getraff a blesséiert an eng Klinik ageliwwert ginn. De 64 Joer ale Generol ass wéinst presuméierter Bedeelegung u Cyberattacken an dem Uschléi mat Nervegëft op de fréiere russeschen Duebelagent Sergej Skripal 2018 a Groussbritannien mat westleche Sanktioune beluecht.
Zanter dem Ufank vun der russescher Offensiv an der Ukrain am Februar 2022 si schonn eng Rei héich Membere vun der russescher Arméi bei Uschléi ëm d’Liewe komm. D’Ukrain huet fir e puer dovun d’Responsabilitéit iwwerholl. Zu de Schëss op den Aleksejew huet Kiew sech bis ewell nach net geäussert. De russeschen Ausseminister Sergej Lawrow mécht d’Ukrain awer responsabel fir dësen Uschlag.