
De Sozialist António José Seguro hat Mëtt Januar am éischten Tour ronn 31 Prozent vun de Stëmme kritt. De rietspopulistesche Kandidat André Ventura war deemools op 23,5 Prozent komm. Am zweeten Tour sinn dem Ventura nëmmen nach wéineg Chancen op eng Victoire zougetraut ginn. Ëmfroen no louch de Seguro do mat zirka 65 Prozent vun de Stëmme wäit vir.
Dësen zweeten Tour kënnt zu engem schwieregen Ament fir d’Leit a Portugal. Wéinst dem ville Reen an den Iwwerschwemmungen déi lescht Deeg kéint et sinn, datt manner Leit am Walbüro passéieren. De rietspopulistesche Kandidat hat gefrot, fir den zweeten Tour ze verleeën, wat awer refuséiert gi war.
Dass de Ventura warscheinlech net gewanne wäert, ass him awer anscheinend relativ egal. De Grënner vun der Partei Chega (“Genuch”) géif laangfristeg op d’Amt vum Regierungschef luussen. D’Presidentielle wieren eng Aart Stëmmungstest.