
Zwee Deeg no neie Gespréicher mat den USA iwwert den iraneschen Atomprogramm huet den Ausseminister Abbas Araghtschi Fuerderungen no engem Enn vum Uräichere vun Uran zréckgewisen. “Firwat besti mir sou staark drop a weigeren eis, drop ze verzichten, souguer wann eis e Krich opgezwonge gëtt? Well keen d’Recht huet, eis eist Verhale virzeschreiwen”, sot den iranesche Politiker e Sonndeg op engem Forum zu Teheran.
Fir säi “friddlechen Atomprogramm a seng Uran-Uräicherung” hätt den Iran “e ganz héije Präis bezuelt”, sou den Araghtschi. Och déi US-amerikanesch Krichsschëffer, déi an d’Regioun geschéckt gi sinn, maachen him keng Angscht. “Mir sinn e Vollek vun der Diplomatie, mir sinn och e Vollek vum Krich, wat awer net heescht, datt mir de Krich sichen”, sou den iraneschen Ausseminister weider.
D’USA an den Iran haten e Freideg am Oman direkt Gespréicher gefouert iwwert den iraneschen Atomprogramm, fir d’Gefor vun enger méiglecher Eskalatioun ze minimiséieren. Westlech Staate geheien dem Iran zanter Jore vir, un enger Atombomm ze schaffen, wat Teheran ëmmer rëm bestreit. Zu Maskat am Oman ass festgehale ginn, dass béid Länner sech fir weider Verhandlungen a Gespréicher wëllen treffen.