
De jonke Mann huet e puer Mol op d’Konscht-Proff agestach, déi an der Klass zesummegaangen ass.
Aktuell ass d'60 Joer aalt Affer mat hiren uergen Wonnen am Spidol a schwieft a Liewensgefor.
De 14 Joer jonke Mann, deen hannert der Dot stécht, gouf vun engem Lycées-Mataarbechter iwwerwältegt, verhaft an ass an Untersuchungshaft.
Wéi et vum Procureur vun Toulon geheescht huet, hätten et déi lescht Wochen ewell Virfäll tëscht der Proff an dem schëllege Jonke ginn.
Méi prezis Hannergrënn vun der Messer-Attack ginn net genannt.
