
D‘Unisex-Toiletten, déi am neie Gebai vum Lycée technique du Centre geplangt waren, polariséieren. An dat esou vill, datt 14 Petitiounen géint déi Toiletten erakomm sinn. Dat gouf et nach ni, seet d‘Presidentin vun der Petitiounskommissioun an LSAP-Deputéiert Francine Closener RTL vis-à-vis.
E Mëttwoch huet ee sech an der Kommissiounssëtzung mat 7 Petitioune beschäftegt, déi aner 7 kommen eréischt an der nächster Sëtzung un d‘Rei, well se méi spéit erakomm sinn.
Et kann och ëmmer nëmmen eng Petitioun zu engem Thema ugeholl ginn, gesäit d‘Reglement vir. Dat ass ëmmer déi éischt, déi erakomm ass an déi recevabel ass. Déi aner Petitionäre kënne sech där awer uschléissen.
E Méindegmoien ass den Educatiounsminister Claude Meisch no der grousser Kritik a vill Onversteesdemech am RTL-Interview zréckgeruddert. An huet gemengt Jongen- a Meedercherstoiletten géife bestoe bleiwen. Déi neutral géife just derbäi kommen.