Vill Aarbecht fir de CGDIS16 Blesséierter op eise Stroossen no deels spigelglate Stroossen am Grand-Duché

RTL Lëtzebuerg
A Mol net 3 Stonnen mellt de CGDIS 28 accidentéiert Ween mat am Ganze 16 Blesséierter.
© Domingos Oliveira / RTL

Kuerz no 5 Auer e Mëttwoch de Moie koum et zu engem Accident op der A3, op der Héicht vum Gaasperecher Kräiz zu engem Accident mat engem Blesséierten. Tëscht Zolwer a Lampech, um CR178 war dunn 40 Minutte méi spéit e Gefier géint en Auto gerannt, och hei gouf eng Persoun blesséiert.

Véier Autoen am Coup gouf et dann dann um kuerz no 6 Auer op der A7 tëscht Schieren an dem Colmar-Bierg, hei gouf eng Persoun blesséiert. Nëmme 5 Minutte méi spéit, um CR301, tëscht Sëll a Kaalmes krute sech nach eemol dräi Gefierer ze paken, och hei ass eng Persoun blesséiert ginn. Um 06:46 Auer sinn zwee Autoe mateneen kollidéiert, dat an der Rue d’Ehlerange zu Zolwer. Hei koumen zwou Persounen zu Schued.

Um CR307 tëscht Bëschrued a Wal ass kuerz viru 7 en Auto géint e Bam gaangen, eng Persoun gouf blesséiert. Um kuerz no 7 Auer koum et zu enger Massekarambolage tëscht am ganze 7 Gefierer, dat op der A13 tëscht Helleng a Fréiseng. Och hei gouf eng Persoun blesséiert.

All Kéiers ee Blesséierte gouf et dann nach um CR159 tëscht Béiweng a Fenteng, respektiv op der RN22. Kuerz drop, um kuerz virun hallwer 8 huet sech zu Uespelt en Auto iwwerschloen, och hei gouf eng Persoun verwonnt. Wärend der selwechter Zäit ass och en Auto géint e Bam gerannt, dat um CR324 tëscht Pënsch a Boukels. Eng Persoun gouf blesséiert.

Um kuerz no hallwer 8, respektiv um 8, krute sech all Kéiers zwee Autoen ze paken, eemol op der RN07 beim Colmar-Bierg an eemol um CR103 bei Dippech. Bei Colmar-Bierg gouf et ee Blesséierten ze bekloen, bei Dippech ass eng Persoun verletzt ginn.

An um kuerz no 8 Auer koum et nach eemol zu engem Accident wéinst de glate Stroossen, dat um CR128 tëscht Beefort a Reisduerf. Eng Persoun gouf och hei blesséiert.

D’Police mellt dann och nach ee Fall vu Farerflucht en Dënschdeg den Owend an der Rue des Ecoles zu Nidderkuer. De flüchtege Chauffer wier eventuell alkoholiséiert, gouf gemellt. Eng Policepatrull huet de Won eng Strooss weider erof fonnt, ma vum Chauffer war keng Spuer. D’Police huet schliisslech beim Chauffer doheem un der Dier geschellt, deen “däitlech Unzeechen vun Alkoholkonsum” gewisen huet. En Alkoholtest ass positiv verlaf. Den Auto hat iwwerdeems keng gülteg Steiervignette méi. De Parquet gouf informéiert an huet ënnert anerem ee Fuerverbuet géint de Chauffer ordonéiert.

Back to Top
CIM LOGO