Brand a Provënz AlmeriaDéidlechste Bëschbrand vum 21. Joerhonnert a Spuenien

RTL Lëtzebuerg
12 Mënsche si beim Feier an der spuenescher Provënz Almeria schonn ëm d'Liewe komm, d'Autoritéite kämpfe weiderhi géint d'Flamen.
© JORGE GUERRERO/AFP

Et ass elo schonn deen déidlechste Bëschbrand vum 21. Joerhonnert a Spuenien. Nom Dout vun op d'mannst 12 Persounen, kämpfen d'Pompjeeën an der Provënz Almeria nach ëmmer géint d'Flamen. D'Situatioun huet sech awer an de leschte Stonnen e bëssen entspaant, well de Wand méi schwaach ginn ass an d'Loftfiichtegkeet an d'Luucht gaangen ass.

6.600 Hektar Land si scho verbrannt. Ënnert den Doudege sinn och auslännesch Touristen, warscheinlech Britten a Belsch, mä d'Affer sinn nach net eendeiteg identifizéiert.

Den Ament ginn och nach ëmmer 23 Persoune vermësst.

Alles an allem hu Bëschbränn zanter dem Ufank vum Joer elo schonn iwwer 60.000 Hektar a Spuenien zerstéiert. Déi ganz ibeeresch Hallefinsel, mä och Frankräich, ass exzeptionell fréi am Joer mat Bränn konfrontéiert.

Back to Top
CIM LOGO