Nei Attacken an de GolfstaatenD'US-Arméi huet an der Nuecht den Iran nees ugegraff

RTL Lëtzebuerg
Dat nodeems Teheran e Schëff an der Strooss vun Hormus viséiert hat. Fir d'Golfstaate goufen dann och Warnungen erausginn.
© MORTEZA NIKOUBAZL/NurPhoto via AFP

Nei Attacken hënt an de Golfstaaten. D'amerikanesch Arméi huet an der Nuecht op en neits den Iran ugegraff, dat nodeems Teheran e Schëff an der Strooss vun Hormus viséiert hat.

Bis e Sonndeg de Moien gouf et dowéinst eng Alerte an den alliéierten Golfstaaten. Am Bahrain ware moies d'Sireenen ze héieren, fir d'Awunner opzeruffen, roueg ze bleiwen a sech eng sécher Plaz ze sichen.

Déi Vereenegt Arabesch Emirater waren nees ënner Beschoss. De Verdeedegungsministère vun do mellt, et hätt ee Rakéiten an Dronen aus dem Iran ofgefaangen.

Den Inneministère vu Katar huet matgedeelt d'Sécherheetslag wier seriö. D'Leit sollten doheem bleiwen a sech vun de Fënsteren forthalen. Och Kuwait huet Explosiounen gemellt.

Déi iranesch Revolutiounsgarden hunn antëscht wësse gedoen, dass de Mierespassage vun Hormus "bis op weideres" gespaart wier. Der iranescher Staatstëlee no, hätt Teheran och lo schonn en zweet Schëff attackéiert, wat duerchfuere wollt.

Back to Top
CIM LOGO