Zu Toronto a KanadaZwee Doudeger no Schosswiessel op Stroossefestival

RTL Lëtzebuerg
Vun den Täter feelt bis elo nach all Spuer.
© LAURA PROCTOR/AFP

Am kanadeschen Toronto si bei enger Schéisserei am Kader vun engem Salsa-Festival zwee Mënsche gestuerwen, sechs Persoune sinn am ganzen ugeschoss ginn.

D'Autoritéiten schwätzen vun op d'mannst zwee Täter déi um gréissten latäinamerikanesche Stroossefestival ugefaangen hätten, ze schéissen. Et schéngt wéi wann den Hannergrond keen Attentat wier, mä e Schosswiessel tëscht Eenzelpersounen.

Vun den Täter feelt bis elo nach all Spuer. De Musek- a Konschtfestival zitt all Joer Honnertdausende Leit op Toronto.

Back to Top
CIM LOGO