Festnamen am WestjordanlandIsraeelesch Siidler hu Journalisten attackéieren an dru gehënnert, fortzefueren

RTL mat AFP
Dëst ass nëmmen dee rezentsten Tëschefall am Westjordanland no enger Rei Gewaltdelikter an Attacke elo rezent.
© AFP

Am Westjordanland si véier Siidler festgeholl ginn, déi auslännesch Journalisten an engem Duerf am Norde vu Ramallah an hirem Auto bei hirer Aarbecht attackéiert hunn, dorënner och eng Ekipp vu CNN.

Wéi d'Journaliste hätte wëlle fortfueren, hätten déi véier Leit den Auto blockéiert, d'Journalisten intimidéiert a probéiert mat Staangen a Knëppelen op en Auto lasszegoen.

Ee Mann soll probéiert hunn d'Pneuen vum Auto futti ze stiechen. Een aneren huet mat engem Steen d'Fënster ageschloen. Déi israeelesch Arméi ass um Enn intervenéiert an huet de Journalisten e séchere Passage assuréiert.

Dëst ass nëmmen dee rezentsten Tëschefall am Westjordanland no enger Rei Gewaltdelikter an Attacken, déi zanter dem Ufank vum Krich am Noen Osten, op de Kont vu radikalen israeelesche Siidler ginn.

An engem Interview mat CNN huet den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu missen zouginn, datt d'Gewalt en onheemlechen Niveau ("settler violence has blown up beyond belief") areecht hätt.

Back to Top
CIM LOGO