Op Invitatioun vum Emmanuel MacronPremier Luc Frieden fir franséischen Nationalfeierdag zu Paräis

RTL Lëtzebuerg
De franséische President Emmanuel Macron huet de Lëtzebuerger Staatsminister op zwee Rendezvousen invitéiert.
© SIP / Frédéric Sierakowski / Julien Warnand / Emmanuel Claude

De Lëtzebuerger Premierminister Luc Frieden wäert vum 13. bis de 14. Juli 2026 op Visitt zu Paräis sinn, dat ënnert anerem, fir bei de Feierlechkeete vum franséischen Nationalfeierdag deelzehuelen. Do virdru representéiert de Luc Frieden Lëtzebuerg op enger Reunioun vun der "Koalitioun vun de Wëllegen".

De franséische President Emmanuel Macron huet de Lëtzebuerger Staatsminister invitéiert.

Den 13. Juli, also e Méindeg, wäert de Luc Frieden un der Reunioun vun de Staats- a Regierungscheffe vun der "Koalitioun vun de Wëllegen" deelhuelen. Hei geet et drëms, d'Ukrain am Krich ze ënnerstëtzen an d'Sécherheet vun der Europäescher Unioun ze stäerken.

Am Kader vun dëser Entrevue wäert de Luc Frieden dann och beim dono geplangten Iesse fir d'Regierungscheffe vum President Macron deelhuelen.

De 14. Juli, um Dag vum franséischen Nationalfeierdag, wäert de Luc Frieden da beim traditionelle Militärdefilé op de Champs-Élysées deelhuelen. Nationalfeierdag steet dëst Joer ënnert dem Motto "Le réveil stratégique de l'Europe".

Back to Top
CIM LOGO