Hëtzt a FrankräichVigilance rouge a 24 Departementer, plazeweis Feier no Blëtzschléi

AFP, iwwersat vun RTL
Zu Lëtzebuerg ass et jo aktuell net grad kal, ma bei eise franséischen Noperen ass et awer nach e Krack méi waarm.
E Mann verscicht zu Saumur am Departement Maine-et-Loire e kille Kapp ze behalen
E Mann verscicht zu Saumur am Departement Maine-et-Loire e kille Kapp ze behalen
© ERIC POLLET/Hans Lucas via AFP

A 24 franséischen Departementer gëllt wéinst den héijen Temperaturen aktuell wéinst den héijen Temperaturen eng Vigilance rouge. Plazeweis klëmmt de Quecksëlwer bis op 37 Grad Celsius. Ronn 22 Millioune Leit si vun der héchster Warnstuf vu Météo-France betraff, dat virop am Zentrum an am Weste vum Land. A weideren 88 Departementer gëllt d’Vigilance orange oder jaune.

32 Leit stinn ënnert dem Verdacht, fir Bränn responsabel ze sinn. Am Südweste sinn iwwerdeems 20 Feieren duerch Blëtzer wärend Donnerwiederen ausgeléist ginn. Wéinst Stierm waren e Samschdeg de Moien eng 20.000 Stéit ouni Stroum. Zu Paräis hu bekannte Woerzeeche wéi den Eiffeltuerm an de Louvre hier Ouvertureszäite wéinst der Canicule schonn ugepasst. E Sonndeg soll et mat Temperature vu plazeweis bis zu 41 Grad dann nach méi waarm ginn.

Back to Top
CIM LOGO