Enn vu laanger juristesch Affär ëm Doud vun HollywoodstarDem Matthew Perry säi perséinlechen Assistent zu Prisong verurteelt

RTL Lëtzebuerg
De fréiere perséinlechen Assistent vum Matthew Perry, de Kenneth Iwamasa, gouf zu 41 Méint Prisong verurteelt.
© IMAGE PRESS AGENCY/NurPhoto via AFP

Den Ermëttler no huet den Iwamasa zesumme mat zwee Dokteren dem Perry an de leschte Woche viru sengem Doud Ketamin am Wäert vu méi wéi 50.000 Dollar ginn an him d’Substanz och gesprëtzt – obwuel hie keng medezinesch Ausbildung hat. De Matthew Perry war am Oktober 2023 dout a sengem Jacuzzi zu Los Angeles fonnt ginn.

Den Iwamasa hat sech schonn am August 2024 fir schëlleg erkläert. Hien hat riskéiert, bis zu 15 Joer Prisong ze kréien. Nieft der Prisongsstrof krut hien elo och zwee Joer Iwwerwaachung no senger Fräiloossung an eng Geldstrof vun 10.000 Dollar.

D’Riichterin huet bei der Urteelsverkënnegung betount, datt den Iwamasa ganz genee iwwer dem Perry seng Suchtproblemer Bescheed wousst an no sengem Doud Beweiser verstoppt hätt. Viru Geriicht huet den Iwamasa sech un d’Famill vum Schauspiller geriicht a sech entschëllegt. Hie sot, hie géif seng illegal Handlunge säi ganzt Liewe laang bedaueren a géif dës Schold "mat an d’Graf huelen".

D’Famill vum Matthew Perry huet sech awer ganz kritesch gewisen. Seng Schwëster Caitlin Morrison sot, si hätt "keng Sympathie" fir den Assistent. Si mengt, hien hätt hire Brudder an enger geféierlecher Situatioun eleng gelooss. Seng Mamm Suzanne Morrison huet erkläert, datt et seng wichtegst Aufgab gewiescht wier, de Perry a sengem Kampf géint d’Sucht ze ënnerstëtzen an dofir ze suergen, datt hien drogefräi bleift.

Back to Top
CIM LOGO