Wéinst dem Iran-Krich Den internationale Wärungsfong warnt virun enger Liewensmëttelkris

RTL Lëtzebuerg
Ronn 45 Millioune Mënsche kéinten dovu betraff sinn, sot d'FMI-Cheffin Kristalina Georgieva um Donneschdeg zu Washington.
Archivfoto
© KENT NISHIMURA/AFP

D’Nofro no finanziellen Hëllefe vun de Memberlänner vum FMI géing doduerch kuerzfristeg op 20 bis 50 Milliarden US-Dollar klammen.

D’Haaptproblemer sinn déi héich Präisser fir Energie an Ënnerbriechungen an de Liwwerketten. Dat kéint zu enger staarker Inflatioun féieren an d’Liewensmëttelversuergung verschlechteren.

Och de Wirtschaftswuesstem wäert méi lues dréinen, och wann d’Situatioun sech verbessert. Besonnesch betraff sinn aarm Länner an déi, déi Energie importéieren.

De FMI recommandéiert, virsiichteg ze handelen: Regierungen sollen net an d’Präisser agräifen an Zentralbanke sollen d’Zënsen erhéijen, wann d’Inflatioun ze staark klëmmt.

Back to Top
CIM LOGO