Sechs Doudeger am ChileAutomobilist rennt a Grupp vu Leit op Stroossefest

RTL mat AFP
Am Chile hu sechs Mënschen hiert Liewe verluer, nodeems en Automobilist d'Kontroll iwwer säi Gefier verluer huet. Grond dofir soll, éischten Informatiounen no, awer net Alkoholafloss gewiescht sinn.
Bei einem Straßenfest in Chile hat ein Autofahrer am Sonntag mehrere Menschen überfahren und Polizeiangaben zufolge mindestens sechs Menschen getötet.
En Auto huet e Sonndeg bei engem Stroossefest am Chile d'Kontroll verluer an ass an e Grupp vu Leit gefuer.
© AFP

Bei engem Stroossefest am Chile huet en Automobilist e Sonndeg Mënschen iwwerrannt an der Police no op d'mannst sechs dovun ëmbruecht. De Mann hätt bei engem Fest an der Küstestad Viña del Mar, westlech vun der Haaptstad Santiago, aus nach onbekannte Grënn d'Kontroll iwwert säi Gefier verluer, sot e Vertrieder vun der Police e Sonndeg der Noriichtenagence AFP. Siwe weider Persoune goufe blesséiert.

An éischte Berichter huet et geheescht, de Chauffer wier séier op enger Strooss ënnerwee gewiescht, déi parallel zum Fest verleeft. Der Police no gouf de Chauffer festgeholl an en Alkoholtest gemaach. E Beamten aus der Regioun huet awer matgedeelt, datt hien éischten Informatiounen no net ënner Alkoholafloss gestanen hätt, ma warscheinlech wéinst enger naasser Strooss d'Kontroll iwwert säin Auto verluer hätt. De Gros vun den Doudesaffer wieren Händler gewiescht.

Op Fotoe vun der Onglécksplaz war e wäissen Auto mat enger futtisser Glace an engem deels zerstéierte Capot ze gesinn. Um Buede louche Carton, Kleeder an aner Marchandisen. D'Tragedie hätt "dat ganzt Land an Trauer versat", huet de chileenesche President José Antonio Kast op der Plattform X gesot an dobäi de Betraffene vun den Affer säi Matgefill ausgeschwat.

Back to Top
CIM LOGO