
A Frankräich goufe wéinst der staarker Hëtzt e Sonndeg dräi Atomreakteren temporär erofgefuer a siwe weiderer gedrosselt. Wéinst de Wiederkonditiounen a fir d'Anhale vun de Virschrëfte fir d'Ofleedung vu Killwaasser "an domat fir de Schutz vun der Ëmwelt", wiere Reakteren zu Golfech beim Floss Garonne, zu Bugey bei der Rhône an zu Chooz bei der Meuse ofgeschalt ginn, heescht et vum Bedreiwer vun de Kraaftwierker EDF géigeniwwer der Noriichtenagence AFP.
Donieft wiere jeeweils zwee Reakteren zu Saint-Alban, zu Blayais an zu Bugey souwéi een zu Chooz gedrosselt ginn, esou d'Entreprise weider. Ee Reakter zu Tricastin am Departement Drôme wier temporär gedrosselt ginn, géing awer zanter dem spéide Sonndegnomëtteg nees normal lafen.
Mat de Mesurë soll evitéiert ginn, datt wärend der aktueller Hëtztwell ze vill waarmt Killwaasser an d'Flëss ofgeleet gëtt, déi souwisou scho méi waarm si wéi soss.
A Frankräich ginn et iwwer 57 Atomreakteren, déi ronn 70 Prozent vum Stroum produzéieren. All d'Reaktere leie bei Flëss oder beim Mier, notzen d'Waasser fir d'Killen a leeden et méi waarm an de Floss oder an d'Mier zréck.
Fir Schied an den Ekosystemer ze limitéieren, leet d'Atomopsiichtsautoritéit ASNR fir all Kraaftwierk Héchstwäerter fir d'Waassertemperatur fest. EDF als Bedreiwer ass deemno verflicht, d'Leeschtung vu sengen Atomkraaftwierker ënner bestëmmten Ëmstänn ze reduzéieren.
A Frankräich gëtt et den Ament déi drëtt Hëtztwell bannent zwee Méint. Scho bei der zweeter Hëtztwell am Juni hat EDF Reaktere missen eroffueren.