
D’EU-Parlament huet en Donneschdeg fir eng ëmstridde Verschäerfung vun der europäescher Awanderungs- an Asylpolitik gestëmmt. De Gesetzesentworf baséiert op enger Propos vun der konservativer EVP-Fraktioun, déi dësen a Koordinatioun mat de rietse Fraktiounen am EU-Parlament duerch de Bannen-Ausschoss bruecht hat.
An engem Vott en Donneschdeg zu Bréissel hunn 389 Deputéiert fir den Text gestëmmt, deen ënner anerem d’Ariichte vun Expulsiounszenteren (sougenannten “Abschibezenteren”) baussent der EU virgesäit, grad ewéi och méi streng Strofe fir ofgewise Migranten. Dës solle vun Areesverbueter bis hin zur Inhaftéierung goen. 206 Deputéierter hu géint den Text gestëmmt an 32 hu sech enthalen.
Nom Vott gouf et Applaus vun den Deputéierte vun de rietse Parteien am Parlament.
Vun der Spriecherin vun der sozialdemokratescher S&D-Fraktioun, der Birgit Sippel, huet et nom Vott an enger éischter Reaktioun geheescht, dass de Gesetzesentworf refuséiert Asyl-Demandeuren de faco mat verurteelte Stroftäter géing gläichsetzen.
D’Parlament trëtt elo a Verhandlunge mam EU-Conseil an, fir iwwert den definitive Gesetzestext ze beroden. Eng éischt Verhandlungsronn mat der zypriotescher Rotspresidentschaft soll deemnächst stattfannen. D’Memberlänner hate sech schonn zejoert fir d’Ariichte vun Expulsiounszenteren a Länner baussent der EU ausgeschwat.
D’CSV-Europadeputéiert Isabel Wiseler-Lima a Martine Kemp wollten en Donneschdeg ee fir allemol en Zeeche setzen. Nodeems bekannt gouf, datt d’EVP-Fraktioun am Europaparlament bei der Verschäerfung vun der europäescher Asylpolitik mat de Rechtsextremen zesummegeschafft huet a sech souguer via Chatgrupp an engem perséinlechen Treffen ënnert anerem mat AfD-Memberen iwwert den Text fir déi sougenannten “Retourzenteren” an Drëttstaate concertéiert gouf, hunn déi zwou Lëtzebuergerin beim Vott en Donneschdeg géint déi eege Fraktioun gestëmmt. Fir d’Isabel Wiseler-Lima wier hei kloer eng Grenz iwwerschratt ginn:
“Mir wëllen net, datt mat Rechtsaussen geschafft gëtt. Dat ass bei wierklech eng rout Linn. Mir fannen dat absolut inakzeptabel. A mir hunn dat och ganz kloer gesot. Ech hunn dat scho viru 14 Deeg gesot, der Parteispëtzt a mat deenen aneren Delegatiounen. Mir hunn do sou Reunioune vun de Cheffe vun den Delegatiounen an ech hunn do ganz kloer gesot gehat, datt dat fir eis net géif goen an datt mer dat net géifen akzeptéieren”.
No de Revelatiounen an der Press hätte sech an hirer Fraktioun och vill aner kritesch Stëmmen zu Wuert gemellt a gesot, datt sou eppes net nach emol geschéie kann, sou d’Isabel Wiseler-Lima nach. Beim Vott war allerdéngs eng ekrasant Majoritéit an der Europäescher Vollekspartei fir den Text.
Nieft den zwou Lëtzebuergerinnen hu just nach véier aner Vertrieder vun der EVP dogéint gestëmmt. Vun de Lëtzebuerger Europadeputéiert huet just den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser fir d’Aféierung vun den ëmstriddenen Retourzenteren gestëmmt. Hie sëtzt jo zanter dem Ausschloss aus senger Fraktioun wéinst senger ze vill russlandfrëndlecher Politik als Onofhängegen am Europarlament.
Déi Gréng Tilly Metz huet via Communiqué déi “doubiéis Ofsproochen am Hannerzëmmer” kritiséiert. Sou géif Politik laanscht d’Parlament an op Käschte vun der Rechtsstaatlechkeet an dem Vertraue gemaach ginn.
Den EVP-Fraktiounschef Manfred Weber (CSU) sot, hien hätt näischt vun de Kontakter zu der Extrême droite gewosst. Der Noriichtenagence dpa no, hätt hien intern däitlech gemaach, datt sou eppes sech net nach widderhuelen dierft. Déi innepolitesch Spriecherin vun der Afd am Europaparlament huet d’Ofstëmmungsresultat als “historeschen Dag fir d’AfD a fir Europa” gefeiert. D’Brandmauer géif keng Roll méi spillen.