
D‘Populatioun an der Europäescher Unioun wäert nach ronn 3 Joer laang wuessen, ier d‘Zuel vun den Europäer dann no an no wäert erofgoen. Dat geet aus engem Rapport vun der EU ervir, dee sech mat den Haapterausfuerderunge fir eng Populatioun beschäftegt, déi ëmmer méi al gëtt.
Den Ament liewe gutt 450 Millioune Leit an Europa. Bis 2029 wäert d‘Zuel op eppes méi wéi 453 Millioune klammen, ier se da lues a lues wäert erofgoen. Bis 2100 rechent een mat enger Baisse vu knapp 12 Prozent. Dat entsprécht ongeféier dem Niveau an den 1970er Joren.
Ma d‘Bevëlkerung gëtt ëmmer méi al. Bis 2050 ass bal all drëtten EU-Resident 65 Joer oder méi al. Aktuell ass et een op fënnef, deen an deem Alter ass.
Doduerch, dass D'Bevëlkerung vun der EU ëmmer méi al gëtt, komme Probleemer op, wéi e Manktem un Aarbechtskraaft, iwwerlaaschten ëffentlech Finanzen an Drock op Gesondheets- a Schoulsystemer. Gläichzäiteg nennt de Rapport och eng Rei positiv Auswierkunge vun där Entwécklung. Notamment wiisst de Marché fir spezifesch Wueren a Servicer fir eeler Leit.
D‘EU betount allerdéngs, datt d‘Produktivitéit an de Memberlänner misst klammen, fir d‘Konsequenze vum ëmmer méi grousse Manktem u Main d'oeuvre opzefänken.