Däitsch-OthE Motocyclist stierft bei engem Accident

RTL Lëtzebuerg
Den 30 Joer ale Mann ass trotz enger séierer Interventioun vun de Rettungsdéngschter nach op der Plaz vum Accident gestuerwen.
Image d'illustration
© Anthony Bouges/ SDIS 57

Kuerz no 7 Auer en Dënschdegmoien krute sech op der RD16B tëscht Russange a Rédange zu Däitsch-Oth en Auto an e Moto ze paken. Wéi de Républicain Lorrain schreift, hätt den 30 Joer ale Motocyclist den Accident trotz enger séierer Interventioun vun de Rettungsdéngschter net iwwerlieft. Hie wier nach op der Plaz u senge Blessure gestuerwen.

Den 20 Joer ale Chauffer vum Auto ass iwwerdeems mat liichte Blessuren op Esch an d'Spidol komm. D'Gendarmerie, e Vertrieder vun der Gemeng an d'Services routiers waren nom Accident op der Plaz, fir d'Strooss ze sécheren.

Knapps eng véierel Stonn drop gouf et dann e weideren Accident zu Däitsch-Oth. An der Rue Maréchal‑Foch. E Mann gouf vun engem Auto ugestouss an dobäi liicht blesséiert. Hien an d'Fuerein vum Auto, déi sech och liicht Blessuren zougezunn hat, koumen op Esch an d'Spidol.

Back to Top
CIM LOGO