E Mann ass e Méindeg um internationale Fluchhafen El Dorado zu Bogotá a Kolumbien festgeholl ginn, nodeems hie sech als Pilot vun enger kommerzieller Fluchgesellschaft ausginn huet an d'Sécherheetspersonal 10 Kilogramm Kokain entdeckt huet, déi um Mann sengem Kierper befestegt waren.
Den Ermëttler no hat de Verdächtegen eng komplett Pilotenuniform vun enger kommerzieller Fluchgesellschaft un an huet versicht, mat falschem Status als Crew-Member déi üblech Sécherheetskontrollen ze ëmgoen, an an en internationale Fluch op Barcelona ze klammen.
D'Autoritéite sinn allerdéngs duerch säi Verhalen op hien opmierksam ginn an hunn hie fir eng méi genee Kontroll erausgeholl. Dobäi hunn d'Beamte 6 Päck mat Kokain ënner senger Uniform entdeckt.
D'Päck ware mat e puer Schichte Pech um Uewerkierper befestegt. D'Ermëttler ginn dovun aus, datt d'Droge fir kriminell Banden a ganz Europa bestëmmt waren.