
D’Europäesch Unioun an Australien hunn no jorelaange Verhandlungen e Fräihandelsaccord ënnerschriwwen. Domadder sollen Douanestaxen ewech falen an den Handel mat Servicer a géigesäiteg Investitioune vereinfacht ginn.
D’EU wëll Lithium a soss Matière Première vun Australien, fir do manner ofhängeg ze gi vu China.
“Australien ass weltwäit de gréisste Lithiumliwwerant a verfüügt iwwer Matière Première, déi fir déi propper Technologië vun der Zukunft decisiv sinn - vun Elektroautoen a Spuenien bis hin zu Offshore-Wandturbinnen an der Ostsee”, esou d’von der Leyen.
Australien kritt virun allem Maschinnen a Chemikalien aus Europa.
Bei der Signature an der australescher Haaptstad Canberra huet d’EU-Kommissiounspresidentin von der Leyen ënnerstrach: Den Accord wier wichteg an Zäiten, an deenen d’USA mat hirer aggressiver Taxe-Politik e schwierege Partner wieren.
Den Anthony Albanese schreift op X, dass elo zwou Welten, déi wäit ausernee leien, elo méi no beienee si wéi jee virdrun.
“Australien an Europa hiewe sech op déi nächst Stuf – mat engem Fräihandelsofkommes an enger Partnerschaft am Beräich Sécherheet a Verdeedegung, déi eemoleg an eiser Generatioun ass.
Méi Aarbechtsplazen. Méi Sécherheet. Méi lokal Produiten op de weltwäite Mäert.
An enger Welt, déi ëmmer méi onsécher gëtt, zielt esou eng Bezéiung.
Well wa mir zesummeschaffen, si mir méi staark wéi jee.”
D’Ofkommes muss elo nach juristesch iwwerpréift a vum EU- an dem australesche Parlament ratifizéiert ginn.