
Am Juli hat hie seng Fra zu Bad Neuenahr-Ahrweiler ëmbruecht, déi zu deem Zäitpunkt getrennt vun him gelieft huet. Si hat wärend dem Scheedungsverfare finanziell Fuerderunge gestallt an eng Ännerung vun den Ëmgangsreegele beim gemeinsame Kand gefrot. Dat wier e Grond gewiescht, d’Fra dout ze maachen. D’Geriicht huet et als erwisen ugesinn, dass de Mann d’Dot an d’Verstoppe vun der Läich akribesch geplangt hat. Ënner engem falsche Virwand hat hien an engem Raum net wäit vun der Garage e Lach gegruewen. Donieft huet hien och dofir gesuergt, dass seng nei Partnerin um Dag vum geplangte Mord net doheem war.
Hien huet d’Affer de 17. Juli a säin Haus gelackelt. Do huet hien d’Fra mat e puer Messerstéch ëmbruecht. D’Läich huet de Verurteelten dunn an dat preparéiert Lach geluecht a mat Bëtong, dee séier dréchent, zougeschott.
Mam Urteel ass d’Geriicht ënnert der Fuerderung vum Parquet bliwwen. Dësen hat nieft liewenslaangem Prisong op eng Dot mat besonnesch schwéierer Schold gepocht. Domat wier et net méiglech gewiescht, no 15 Joer kënne fréizäiteg entlooss ze ginn. D’Verdeedegung hat op eng Verurteelung wéinst Doudschlag plädéiert.