4 Joer Krich an der UkrainD'Leed an de Präis vum Status Quo gi permanent an d'Luucht

Petz Bartz
De 24. Februar 2022 si russesch Panzer an Zaldoten iwwert déi ukrainesch Grenz komm. Si hunn de längste Krich an Europa zanter dem Zweete Weltkrich lancéiert.
De 24.2.22 si russesch Truppen an d'Ukrain agedrongen
D’Leed an de Präis vum Status Quo ginn och no 4 Joer Krich an der Ukrain permanent an d’Luucht

CIA an MI6, d’Geheimdéngschter vun den USA a Groussbritannien haten d’Informatioun, dass de Wladimir Putin d’Ukrain wéilt iwwerfale schonn am November 2021. Just, déi westlech Politik an esouguer den ukrainesche President Selenskyj hunn näischt drop ginn, bis dann effektiv viru genee 4 Joer de 24. Februar 2022, déi éischt russesch Panzer aus engem Militärmanöver am Belarus ofgezu goufen a sech op de Wee gemaach haten iwwert d’Grenz, fir d’Invasioun vun der Ukrain. De Petz Bartz mat engem kuerze Réckbléck op de längste Krich an Europa zanter dem Zweete Weltkrich.

Am Regierungsquartier vu Kyiv stoungen de 24. Februar 2022 moies e puer gepanzert Gefierer vum Militär mat deenen d’Stroosse blockéiert goufen an Zaldoten hunn de Passanten hir Rucksäck kontrolléiert. E Krich verhënnert krut doduerch keen. Dee selwechten Ament si massiv Kolonne vu russesche Gefierer net wäit vu Kyiv ewech iwwert d’Grenz gefuer. D’Invasioun hat ugefaangen an d’Explikatioun dozou ass bis haut eng vun de realitéitsfriemsten, erfonnte Krichserklärungen an der Geschicht vun der Welt.

“Ech hunn decidéiert eng speziell Militäroperatioun duerchzeféieren. Et geet drëms Leit ze beschützen, déi zanter 8 Joer vum Regime vu Kyiv gemobbt goufen an engem Genozid ausgesat waren”, esou d’Wierder vum russesche President Wladimir Putin. “Duerfir wëlle mer elo d’Land demilitariséieren an entnazifizéieren an déi viru Geriicht stellen, déi bluddeg Verbrieche géint Zivilpopulatioun duerchgefouert hunn, dorënner och russesch Bierger.”

Grad déi Zivilpopulatioun leit ënnert dem bluddegen Iwwerfall vu Russland zanter dem Februar viru 4 Joer a bis haut. A vill vun den Awunner hunn hir Heemecht misse verloossen. De Krich verschäerft sech an d’Brutalitéit vun den Attacken hëlt rapid zou, och aus Frust, well de Kreml mierkt, dass e manner séier weiderkënnt wéi erwaart a Réckschléi muss astiechen.

Ukrainesch Rekrutte bei enger Militärübung an der Regioun Saporischschija.
Ukrainesch Rekrutte bei enger Militärübung an der Regioun Saporischschija.
© ANDRIY ANDRIYENKO/AFP

De President ass deen, deen d’Leit bei der Staang hält

Viru 4 Joer schonn hat de Wolodymyr Selenskyj ugekënnegt, et géif een d’Waffe net néierleeën. Et sollt bis haut wouer bleiwen, allerdéngs verbonne mat enorme Verloschter u Mënscheliewen, awer och vu Wirtschaft, vun Infrastrukturen a ganze Stied. De Videoverglach vun de Biller vun de selwechten Uertschafte viru 5 Joer an elo ass bal net ze faassen, scho guer net fir Leit, déi am Oste vun der Ukrain hir Zukunft gesinn haten deemools.

De Metro vu Kyiv ass deen Transportreseau weltwäit, deen de meeschte Leit d’Liewe gerett huet. Generatioune vu Kanner wuessen dran op, well hir Wunnengen iwwert dem Buedem net méi sécher oder net méi waarm sinn respektiv am schlëmmste Fall guer net méi existéieren.

Och mam Wiessel zu engem oppe pro-russeschen US-President an de Restriktioune vu Waffeliwwerunge vu Washington, an engem Ëmkéiere vun de mënschleche Wäerter, wou d’Affer als Feind duergestallt ginn, ass d’Ukrain net verluer. Och net no véier Joer, obwuel d’Leed an de Präis vum Status Quo permanent an d’Luucht geet.


Weider Detailer zu véier Joer Krich an der Ukrain

Back to Top
CIM LOGO