Pakistan deelt matD'Gespréicher tëscht den USA an dem Iran zu Islamabad hunn ugefaangen

AFP, iwwersat vun RTL
D'Sich no engem Accord dierft schwiereg ginn. D'Positioune leie wäit auseneen.
Den US-Vizepresident Vance (l.) an de pakistanesche Premier Shariff (r.).
Den US-Vizepresident Vance (l.) an de pakistanesche Premier Shariff (r.).
© -/AFP

Pakistan huet deklaréiert, datt d’Friddensgespréicher tëscht dem Iran an den USA zu Islamabad offiziell ugefaangen hunn. Et geet drëm, eng durabel Léisung fir de Krich am Noen Osten ze fannen. Aktuell gëllt jo eng fragil Wafferou.

Pakistan iwwerhëlt d’Roll vum Mediateur, dat ënnert der Leedung vum Premier Sharif. Virop goufen d’Modalitéite vun den Negociatiounen definéiert.

D’US-Delegatioun gëtt ugefouert vum Vize-President JD Vance.

D’Sich no engem Accord dierft schwiereg ginn. D’Positioune leie wäit auseneen. Knackpunkte sinn ënner anerem de Schëffsverkéier an der Strooss vun Hormus, den iraneschen Atomprogramm an d’israeelesch Attacken am Libanon.

Back to Top
CIM LOGO