
Si hätte sech selwer aus dem Bierg befreie kënnen, sot eng Persoun, déi un der Rettungsmissioun bedeelegt war, géigeniwwer der Däitscher Presseagence. Och den US-Noriichtesender CNN confirméiert dat.
Siwe Goldgriewer goufen zanter iwwert enger Woch vermësst. E Mëttwoch goufe fënnef vun hinnen an enger Hiel fonnt ginn. D’Rettungsmissioun war awer ganz geféierlech. Eng Persoun konnt e Freideg gerett ginn, iert déi véier aner sech elo selwer konnten a Sécherheet bréngen. Zwou Persoune bleiwe vermësst.
Op der Sich no Gold ware siwen Duerfbewunner den 20. Mee an d'Hiel an enger ofgeleeëner Géigend vun Xaysomboun am Zentrum vum Laos erofgeklommen. Eng plëtzlech Iwwerschwemmung huet de Männer de Réckwee ofgeschnidden. Zanterdeem ware Secouristen domat beschäftegt, Waasser ofzepompelen, fir et de Retter méiglech ze maachen, an d'Hiel eranzekommen. E Mëttwoch goufen no enger Woch fënnef vun de Männer an der Hiel ronn 300 Meter vun der Entrée entdeckt.
De Mann, deen e Freideg gerett gouf, sot, déi nach vermësste Männer wiere ronn 500 Meter méi déif an d'Hiel eragaangen. Op d'Fro, ob si nach kéinte liewen, sot hien: "Ech fäerten, do ass et ze kal."