Ze vill Erausfuerderungen?CDU wëll Cannabis-Legaliséierung réckgängeg maachen

RTL Lëtzebuerg
Eng Majoritéit um Parteidag vun der CDU huet sech dofir ausgeschwat, d'Cannabis-Legaliséierung an Däitschland nees réckgängeg ze maachen, obwuel am Koalitiounsaccord mat der SPD just eng Evaluatioun virgesinn ass.
Verfechter vun der Cannabis-Legaliséierung an Däitschland bei enger Demo zu Berlin am August 2024.
Verfechter vun der Cannabis-Legaliséierung an Däitschland bei enger Demo zu Berlin am August 2024.
© CHRISTOPHE GATEAU/dpa Picture-Alliance via AFP

An Däitschland soll d’Cannabis-Legaliséierung nees réckgängeg gemaach ginn – op op d’mannst huet dat eng Majoritéit vun de Memberen um Parteidag vun der CDU gefuerdert. D’Motioun gouf vun der Frauen Union agereecht an domadder begrënnt, datt et zanter der deelweiser Legaliséierung méi Erausfuerderungen an de Beräicher Gesondheet a Sécherheet géinge ginn.

D’Fëmmen an den Ubau vu Cannabis sinn an Däitschland zanter dem 1. Abrëll 2024 ënnert zimmlech strengen Oplage fir Volljäreger erlaabt.

D’Unioun aus CDU an CSU hat am Bundestagswalkampf gefuerdert, dat Gesetz rëm ofzeschafen. Am Koalitiounsaccord mat der SPD ass awer just eng Evaluatioun virgesinn.

Back to Top
CIM LOGO