Trotz EenegungUngarn dreet Ukrain mat Blockage vun Hëllefskredit

RTL Lëtzebuerg
Trotz Eenegung fir weider finanziell Hëllefe fir d'Ukrain dreet Ungarn elo domadder e Kredit an Héischt vun e puer Milliarden ze blockéieren.
Obwuel d’EU-Parlament en Accord fir e weideren Hëllefskredit fir d’Ukrain fonnt huet, dreet den ungaresche Premier Viktor Orbán mat engem Blockage.
© FREDERICK FLORIN AFP

Esoulaang d’Ukrain den Transit vu Pëtrol iwwert déi sougenannt Druschba-Pipeline blockéiert, géif Ungarn den 90-Milliarden.-Euro-Prêt fir d’Ukrain blockéieren, esou den ungaresche Premier Viktor Orbán um Kuerznoriichtendéngscht X.

Och den ungareschen Ausseminister Peter Szijjarto huet dës Fuerderung widderholl. Net nëmmen Ungarn, mee och d’Slowakei geheien der ukrainescher Regierung vir, express d’Pëtrols-Liwwerungen iwwert dës Pipeline ze verhënneren. D’Druschba-Pipeline ass fir dës Länner besonnesch am Wanter immens wichteg, fir de russesche Pëtrol geliwwert ze kréien. Zanter Enn Januar fléisst näischt méi duerch déi Pipeline.

Back to Top
CIM LOGO