
D’USA wäerte méi héich Douanestaxen erhiewen, wéi den US-President Donald Trump uganks annoncéiert huet. E Freideg hat hien op enger Pressekonferenz vun 10 Prozent geschwat, ma e Samschdeg schreift hien op senger eegener Plattform Truth Social, datt et 15 Prozent wäerte ginn.
Dës Taxe sollen op allen Importer an d’USA gëllen.
E Freideg nach hat den ieweschte Geriichtshaff vun den USA dee gréissten Deel vum Trump sengen Douanestaxen als illegal agestuuft. Den US-President hat sech op een Noutstandsgesetz beruff, ma déi Argumentatioun hunn d’Riichter net gëlle gelooss.
Den US-President hat bei engem Briefing zu Washington d’Decisioun vum Supreme Court als “enttäuschend” bezeechent.
Bei sengen neien Taxe baséiert den Trump sech elo op een Handelsgesetz aus dem Joer 1974, dat et erlaabt, ënnert bestëmmte Conditiounen d’Douanestaxe wärend 150 Deeg ze erhiewen.