
D’Medezinnerin, déi zënter dem Ufank vun der Pandemie méi dacks an der Ëffentlechkeet ze gesi war, gouf ëmmer nees vun Impfgéigner a Covid-Skeptiker menacéiert. Och d’Police war hei involvéiert an et goufen Ermëttlungen vu Cybercrime-Spezialisten duerchgefouert.
D’Doktesch selwer huet e private Sécherheetsdéngscht engagéiert gehat an huet kuerz drop och annoncéiert, d’Praxis, déi se Enn Juni zougemaach huet, net méi opzemaachen. De Parquet confirméiert den Doud vun der Fra, Friemverschëlde gëtt ausgeschloss.
Am Fall wou Dir selwer oder een, deen Dir kennt, Suicidegedanken huet, fannt Dir Hëllef bei Prévention Suicide, bei der SOS Détresse (45 45 45) oder beim Kanner a Jugendtelefon (116 111).