Australier verhaftThailännesch Police entdeckt Läich vu 17 Joer alem Meedchen a Wallis

AFP, iwwersat vun RTL
De Verdächtegen, e 46 Joer alen Australier, streit of, eppes mat der Entféierung an dem Mord um Meedchen ze dinn ze hunn.
Thailännesch Police entdeckt Läich vu 17 Joer alem Meedchen a Wallis
De Verdächtegen, e 46 Joer alen Australier, streit of, eppes mat der Entféierung an dem Mord um Meedchen ze dinn ze hunn.

Grujeleg Decouverte am thailännesche Pattaya: An enger Wallis entdecke Beamte vun der Police d'Läich vun engem 17 Joer ale Meedchen. De Verdächtegen, e 46 Joer alen Australier, ass no enger Interrogatioun verhaft ginn Hie weist alleguer d'Reprochë vu sech, dorënner déi vun der presuméierter Entféierung vum Meedchen an de Mord un dësem. Ier et zu enger konkreet Uklo géint de Mann kënnt, gëtt d'Auswäertung vun "anere Beweiser" ofgewaart, heescht et vun engem Spriecher vun den Enquêteuren.

Wéi et vun thailännesche Medien heescht, wier de Mann e Freideg festgeholl ginn, wéi hien um Fluchhafe vu Bangkok e Fligerticket fir op Perth an Australien kafe wollt. Iwwerwaachungskamerae vun engem Resort zu Pattaya haten hien iwwerdeems a Begleedung vum Affer gefilmt, dat am fréien Donneschdegmoien. Stonnen duerno gouf en dann nees gefilmt wéi hien aus dem Gebai erauskoum, dës Kéier mat enger grousser schwaarzer Wallis, déi hien op e Motorrad gelueden huet.

D'Wallis wier spéider e Freideg bei Zuchschinne fonnt ginn, mat der Läich bannendran. Dës hat och Spuere vu Gewalt opgewisen.

Déi thailännesch Autoritéiten hate leschte Mount d'Dauer vu visafräien Openthalter fir Touristen drastesch limitéiert, nodeems et zu enger Serie u Verhaftunge vun Auslänner wéinst Drogen- a Sexualdelikter ma och dem Féiere vu Geschäfter ouni Lizenze koum.

Back to Top
CIM LOGO