Zanter 2014 verschwonnenMalaysia sicht e weidert Joer nom Fluch MH370

AFP, iwwersat vun RTL
D'Sich nom Vol MH370 vu Malaysia Airlines gëtt e weidert Joer verlängert: Eng Firma soll elo an engem Gebitt sichen, dat nach net duerchsicht gouf.
Die Suche nach dem seit 2014 vermissten Wrack des Flugs MH370 von Malaysia Airlines wird ein weiteres Jahr lang fortgesetzt. Die Suche werde bis zum 30. Juni 2027 verlängert, erklärte der malaysische Transportminister Anthony Loke am Montag.
Nach ëmmer hoffen d'Familljememberen op Gewëssheet, wat 2014 mam Vol MH370 geschitt ass.
© AFP/Archiv

D'Sich nom Wrack vum Malaysia-Airlines-Fluch MH370, deen zanter 2014 verschwonnen ass, gëtt ëm e weidert Joer verlängert. Bis den 30. Juni 2027 géing dem malayseschen Transportminister Anthony Loke no gesicht ginn.

D'Boeing 777 mat 239 Leit u Bord war den 8. Mäerz 2014 um Fluch vu Kuala Lumpur op Peking vun de Radare verschwonnen a konnt zanterhier net fonnt ginn.

Et geet een dovun aus, datt d'Maschinn en anere Wee ageschloen hätt an no stonnelaangem Fluch mat eidelem Tank an de südlechen Indeschen Ozean gefall ass. Weder d'Wrack nach d'Black Box oder stierflech Iwwerreschter vu Passagéier konnte fonnt ginn – trotz sëllege Sichaktiounen, dorënner der gréisster an der Geschicht vun der Loftfaart.

D'Sich géing weiderhi vun der Firma Ocaen Infinity geleet ginn, heescht et vum Minister. D'Firma, déi a Groussbritannien an an den USA e Sëtz huet, géing elo weider 70 Milliounen Dollar (ronn 61 Milliounen Euro) kréien, wann d'Wrack fonnt gëtt.

D'Entreprise soll e Gebitt vu 7.428,54 Quadratkilometer ofsichen, an deem bis ewell nach net gesicht gi war.

D'Decisioun, d'Sich weiderzeféieren, wier "Ausdrock vum dauerhaften Engagement vun der Regierung, de Familljemembere vun de Passagéier u Bord vum Vol MH370 Gewëssheet ze bréngen", esou de Loke nach.

Déi rezentst Sichaktioun hat am Mäerz 2025 ugefaangen. Ocean Infinity hat schonn 2018 Sichasätz geleet, déi kee Succès haten. Och Australien hat bis Januar 2017 dräi Joer laang nom Fliger gesicht.

Back to Top
CIM LOGO