No Accord mam LibanonNei Kämpf tëscht Israel an der pro-iranescher Hisbollah

AFP, iwwersat vun RTL
Déi staatlech libaneesesch Agence NNA huet e Sonndeg gemellt, dass en israeelesche Kampffliger den Aussebezierk vun de Stied Deir Serjan an Tajbeh attackéiert hätt.
© ABBAS FAKIH/AFP

Zwee Deeg no der Eenegung tëscht Israel an dem Libanon op e Kader-Accord fir eng Friddensléisung hunn déi israeelesch Arméi an déi pro-iranesch Hisbollah-Milliz déi géigesäiteg Attacken nees lancéiert. Déi israeelesch Arméi mellt e Sonndeg Attacken an der sougenannter Sécherheetszon am Süde vum Libanon. Een israeeleschen Zaldot gouf der Arméi no bei Kämpf mat der Hisbollah ëmbruecht. Déi pro-iranesch Miliz huet e Freideg de Kader-Accord refuséiert a warnt, dass dëst zu engem "interne Konflikt" am Libanon géif féieren.

Déi staatlech libaneesesch Agence NNA huet e Sonndeg gemellt, dass en israeelesche Kampffliger den Aussebezierk vun de Stied Deir Serjan an Tajbeh attackéiert hätt. Déi israeelesch Arméi huet präziséiert, dass Hisbollah-Kämpfer an der Géigend vun der sougenannter "Sécherheetszon" an Viséier geholl goufen, eng Zon, déi ronn 10 Kilometer wäit an de Libanon erareecht.

Kuerz virdrun hat d'Arméi erkläert, dass een israeeleschen Zaldot e Sonndeg "bei Kämpf" mat der Hissbollah am Süde vum Libanon ëmkomm ass. E weideren israeeleschen Zaldot wier liicht blesséiert ginn. Zënter Ufank Mäerz, wéi d'Hisbollah de Libanon mat hiren Attacken op Israel an den Iran-Krich eragezunn huet, sinn 38 israeelesch Zaldoten ëm d'Liewe komm.

Back to Top
CIM LOGO