British American Tobacco 9.000 Plaze si vun der Ëmstrukturéierung betraff

François Aulner
5.500 Aarbechtsplaze solle weltwäit ofgebaut ginn, 3.500 Aarbechtsplaze sollen transferéiert ginn.
© STR/NurPhoto via AFP

De brittesche Produzent vun Tubaksprodukter British American Tobacco huet ugekënnegt 5.500 Aarbechtsplaze weltwäit ofzebauen. 3.500 Aarbechtsplaze géingen un externe Firmen transferéiert ginn. 9.000 Plaze sinn also vun der Ëmstrukturéierung betraff. D'Firma wëll op den Zuch vun der kënschtlecher Intelligenz klammen a Käschte reduzéieren.

British American Tobacco war ënnert de Gruppen, déi an de Luxleaks virun 12 Joer waren. Also Firmen, déi dank steierlechen Accorde mat der Steierverwaltung – sougenannt Rulings - hei am Land quasi keng Steiere bezuelt hunn. Dem Handelsregëster no sinn nach British American Tobacco Brands Switzerland Limited hei ugemellt an eng Succursale vun hirer Belscher S.A..

Back to Top
CIM LOGO