E Freideg an e Samschdeg stoung d'Éislek nees ganz am Zeeche vum Rallye de Luxembourg. Insgesamt 64 Piloten, dorënner och eng Jett aus dem Groussherzogtum, waren dobäi. Gewonnen huet um Enn de Lëtzebuerger Grégoire Munster virum Marjian Griebel an dem Adrian Fernémont. De Munster konnt 7 vun 12 Specialle (déi véier Parcourse goufen dräimol gefuer) fir sech entscheeden. De Griebel hat no senger sechster Plaz an der éischter Epreuve schonn e Réckstand vun 13,5 Sekonnen an huet mussen op den Epreuven, déi iwwreg blouwen, Zäit ophuelen. Mee och fënnef Beschtzäiten sollten net fir d'Victoire duergoen.
Um Enn hat de Munster 12,4 Sekonne Virsprong op de Griebel an 34,7 Sekonnen Avance op den Adrian Fernémont. Et war déi éischt Kéier zënter 2019, dass de Munster beim Rallye Lëtzebuerg un den Depart gaange war. Zweetbeschte Lëtzebuerger war de Steve Fernandes als Véierten (+ 1:36), de Gilles Jacoby gouf Fënneften (+ 2:42).
Virun der Course e Samschdeg gouf schonn e Freideg an der Géigend vun der Houschter-Déckt de beléifte Shakedown als Preparatioun gefuer. Um Enn huet d'Sportsministesch Martine Hansen eng Ronn mam Grégoire Munster a sengem Auto gedréint.