Op eise StroossenFënnef Blesséierter bei dräi Accidenter

RTL Lëtzebuerg
E Freidegowend an e Samschdegmoie waren d'Ekippe vum CGDIS dräi Mol bei Accidenter op eise Stroossen am Asaz.
© Laurent Weber

Direkt dräi Blesséierter gouf et, wéi sech um 16:55 Auer e Freidegowend, tëscht dem Gaasperecher an dem Zéissenger Kräiz op der A6 e puer Autoen ze pake kruten. D'Stater Ambulancieren a Pompjeeë waren hei op der Plaz.

D'Secouriste vu Réiden hunn dann um 0:50 Auer e Samschdegmoien e blesséierten Automobilist versuergt. Dëse war um CR303 tëscht Nidderkolpech an Uewerpalle mat sengem Auto an en Obstakel gerannt. Och d'Pompjeeë vun Ell a Réiden waren hei am Asaz.

Kuerz virun 10 Auer krut dann eng Camionnette op der RN10 tëscht der Hëttermillen an Éinen e Cyclist ze paken. D'Ambulanciere vu Réimech an d'Pompjeeë vu Wuermer waren hei op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO