Mat 30 km/h duerch eng 90er-ZonVill Chauffeure waren de Weekend nees alkoholiséiert mam Auto ënnerwee

RTL Lëtzebuerg
Ënnert anerem zu Sandweiler war eng Fra alkoholiséiert ënnerwee, déi hire Fürerschäin zum Schluss huet missen ofginn.
© Police (Archivbild)

Géint 02 Auer e Samschdeg de Muere gouf der Police e Gefier bei Sandweiler gemellt, dat a Schlaangelinne gefuer ass an mat ronn 30 km/h duerch eng 90er-Zon ënnerwee war. Bei der uschléissender Kontroll war den Alkoholtest bei der Fuererin positiv. Well si e weideren Alkoholtest refuséiert huet, gouf de Permis agezunn.

Kuerz virun Hallefnuecht gouf der Police e Gefier op der N15 gemellt, dat duerch seng geféierlech Fuerweis opgelaf ass. D'Police konnt den Auto stoppen an huet de Chauffer kontrolléiert. Et huet sech séier erausgestallt, datt de Chauffer ënner Alkoholafloss stoung. Säi Führerschäin gouf doropshin agezunn.

Géint 17 Auer e Freideg Nomëtteg huet eng Policepatrull zu Gréiwemaacher e Chauffeur ugehalen, dee Problemer hat d'Spuer ze halen. De Chauffer gouf doropshin kontrolléiert. Well den Alkoholtest positiv war, gouf dem Chauffer säi Führerschäin agezunn.

Gréisser Alkoholkontrollen am Land

E Freideg tëscht 22:30 Auer an 00:00 Auer, huet d'Police zu Biergem an der Grand-Rue eng Alkohol-Kontroll gemaach.

120 Autofuerer goufen engem Alkoholtest ënnerzunn, ouni datt an éischter Linn e grave Verdacht virlouch. An zwee Fäll war den Test allerdéngs positiv an et gouf e Protokoll geschriwwen. Führerschäiner goufe keng agezunn.

Tëscht 1 Auer an 2:30 Auer huet d'Police e Samschdeg de Moien zu Nidderkäerjeng an der Rue de la Reconnaissance Nationale eng zweet Alkohol-Kontroll gemaach. Hei goufen 63 Autofuerer engem Alkoholtest ënnerzunn, och wann hei kee grave Verdacht virlouch. A fënnef Fäll war den Test positiv an et goufen fënnef Protokoller erstallt. Genee sou vill Permise goufen nach op der Plaz agezunn.

Back to Top
CIM LOGO