Les AlizésE Gigant fir den Iwwergang zu enger nohalteger Energieversuergung

Tim Morizet
Mat sengen imposanten Dimensiounen zielt Les Alizés zu de gréissten Offshore-Installatiounsschëffer op der Welt.
U Bord vu "Les Alizés"

236 Meter laang, 52 Meter breet an zanter 2023 ënner Lëtzebuerger Fändel am Asaz:

setzt nei technologesch Moossstief am Beräich vun der Offshore-Wandenergie. D’Schëff ass speziell fir den Transport an d’Installatioun vu massive Komponente vu Wandturbinnen entworf. Turbinnen, déi mëttlerweil Héichte vu méi wéi 270 Meter erreechen, mat Rotorblieder vu bis zu 120 Meter.

Fir esou Dimensiounen iwwerhaapt handhaben ze kënnen, brauch et aussergewéinlech Technik: Zu de wichtegste Fonctionnalitéite vum Schëff gehéiert den Haaptkran, deen eng Notzlaascht vu bis zu 5.000 Tonnen hiewe kann. Insgesamt huet d’Schëff eng Luetkapazitéit vu ronn 61.000 Tonnen. Aktuell ass d’Les Alizés op Aarbechtsmissioun a Schottland.

Méintelaang Virbereedung fir e puer Deeg Präzisiounsaarbecht

D’Preparatioune fir d’Missioun am Norde vu Groussbritannien lafen op Héichtouren wärend eiser Visitt vum Schëff am Hafe vun Amsterdam. Bis zu sechs Wochen ass d’Crew um Mier ënnerwee, ouni geplangte Retour op d’Festland. Fir all eenzele Pilier, deen um Mieresbuedem implantéiert gëtt, gi Méint u Viraarbecht néideg, vun detailléierten Analyse vum Buedem bis bei d’Kontroll an d’Tester vun alle Maschinnen nach virum Depart.

De Schëffskapitän Wim Deca betount, wéi eenzegaarteg d’Les Alizés ass: “Et ginn net vill Schëffer, déi dat kënnen, wat mir hei maachen. D’Schëff gouf ganz geziilt fir d’Installatioun vun Offshore-Wandrieder gebaut. Vill vun de Maschinnen an dem Equipement goufen extra dofir entwéckelt, esou eppes gëtt et soss net um Marché.”

Weltwäit ginn et just e Grappvoll Entreprisen, déi esou komplex Aarbechten um oppene Mier kënne realiséieren. D’Les Alizés ass dobäi och fir méi rau Wiederkonditioune gerëscht. 18 Pompelen am Maschinneraum kënnen individuell bis zu 18.000 Kubikmeter Waasser an oder aus dem Schëff pompelen – dat entsprécht ongeféier siwen olympesche Schwämmen – fir d’Stabilitéit a Positioun ze garantéieren.

Präzisioun op oppenem Mier

D’Aarbecht um Mier bleift trotz modernster Technik extrem usprochsvoll. “De Mono-Pilier muss bis zu 30 Meter déif an de Buedem agesat ginn – a mat enger quasi perfekt vertikaler Inclinatioun”, erkläert de Kapitän. “Dat ass extrem komplex, well mir net op enger fixer Plattform schaffen. Alles beweegt sech: d’Wellen, de Wand – an och eise Kran.”

Op der Plaz vun der Installatioun gëtt de Pilier vun der Wandmille mat engem markante blo-rout-wäissen Opsaz an de Mieresbuedem gehummert. Eleng dëst Joer goufen 72 esou Pilieren un der dänescher Küst agesat. Eng konkret Bäihëllef fir d’europäesch Strategie, d’erneierbar Energien an de kommende Joren massiv auszebauen.

Schlësselroll an der Energietransitioun

Fir Jan de Nul ass d’Roll vun Offshore-Wandenergie kloer definéiert. “Offshore-Wand ass a wäert eng zentral Roll an der Energie-Transitioun spillen”, seet den Jan van Impe, Direkter vun den Energiestrukturen. “Verschidde Wandparken, wéi deen, dee mir aktuell a Schottland installéieren, wäerte méi Stroum produzéieren ewéi d’Hallschent vun deem, wat schottesch Stéit am Alldag verbrauchen.”

Hannert där imposanter Technik stinn awer och Mënschen: ronn 100 Mataarbechter, déi bei esou enger Missioun sechs Wochen um Stéck u Bord sinn an all Dag 12 Stonne-Schichte schaffen. An d’Aarbecht geet hinnen net aus: Bis 2031 ass den Optrags-Carnet fir d’'es Alizés elo scho bal komplett voll.

Back to Top
CIM LOGO