
Den neie Friddensrot, dee vum Donald Trump um Weltwirschaftsforum zu Davos gegrënnt gouf, wäert a manner wéi zwou Woche fir en éischte Sommet beienee kommen. Den 19. Februar sollen d’Membere sech zu Washington gesinn, fir iwwer d’Entwécklung vun der Gazasträif ze diskutéieren. Dobäi wéilt een och Sue fir den Nees-Opbau vu Gaza sammelen. Wéi eng Staats- a Regierungscheffen genee dobäi wäerte sinn, ass aktuell net gewosst. Vill europäesch Staaten hunn eng Invitatioun refuséiert, well dëst als Konkurrenz zu de Vereente Natiounen gesi gëtt. D’Participatioun soll 1 Milliard Dollar kaschten an den Donald Trump huet en plus Vetorecht. Mat dobäi sinn awer ënner anerem Ungarn, Israel, Belarus, Katar, Saudi-Arabien an d’Tierkei.
Nieft dem Friddensrot sollen dann och d’nächst Woch d’Verhandlunge fir e Fridden an der Ukrain nees relancéiert ginn. D’Gespréicher tëscht Moskau a Kiew leschten Donneschdeg hate keen Duerchbroch bruecht. Et war ee sech awer eens ginn, Prisonéier auszetauschen. Nächst Woch solle sech d’Negociateure fir béid Säiten zu Miami gesinn. Washington huet den Drock erhéicht a gëtt béide Säiten eng Frist bis Juni, fir een Accord fir een Enn vum Krich ze fannen. Sprangende Punkt ass d’Fro, wat mam Donbass soll geschéien. Russland wëllt d’Kontroll iwwer d’Regioun Donezk am Oste vun der Ukrain. Kiew refuséiert dat. D’USA schwätze sech dofir aus, déi aktuell ukrainesch-kontrolléiert Gebidder zu enger Fräihandelszon z’erklären. Dat fanne weder Moskau nach Kiew gutt.
An de Grönland-Verhandlunge mat den USA gleeft den däneschen Ausseminister Lars Lokke Rasmussen un eng Eenegung. Et wier wichteg, dass weder di territorial Integritéit, nach d’Recht op Selbstbestëmmung vu Grönland géinge verletzt ginn. Et wier wichteg, déi rout Linne vun der Arktis-Insel ze respektéieren. Grönland selwer gesäit sech no engem éischten Treffen mat den USA an Dänemark awer nach net do, wou ee gäre wier, sou déi grönlännesch Ausseministesch. Et wier e laange Wee.